Gaming

« Jo, ech weess! »

2018 koum d’Iddi op, fir e Geo-Quiz-Gesellschaftsspill iwwer Lëtzebuerg an a Lëtzebuerger Sprooch erauszebréngen.
De Succès war enorm: bis elo sinn iwwer 30.000Spiller verkaaft ginn an et gëtt weider un änleche Projeten geschafft.

Wéi mir 2018 ugefaangen hunn, um Konzept fireist éischt Spill
(„Wou läit Piisseng?“) ze schaffen, hate mir keng Anung, dass dat zu enger richteger „Success Story“ géif ginn. Mëttlerweil si 4 Adulten-Editiounen an e Junior Spill erauskom, grad esou wéi e Spill iwwer Portugal an  och d'Spill DISCOVER LUXEMBOURG an englescher Sprooch. An Zesummenarbecht mat "Esch2022" a Pro-Sud koum d'Spill "Kenns du de Minett?" eraus. An Enn 2024 de Kaarteset vun der éischter Editioun "Wou läit Piisseng?", kompatibel mat de Spiller "Hitten" a "Buddeler.

An elo  kritt een och den 2. Lëtzebuerger Krimi "an der Box":
MORD A LA CARTE

Vill Spaass beim Spillen!

« Jo, ech weess ! »

Hei kënnt Dir d`Spill ab 6/6/2025 kafen:

An de CACTUS-Supermarchéen an de Geschäfter vun der LIBRAIRIE ERNSTER am ganze Land

+ a folgende Geschäfter, opgedeelt a Regiounen:

Norden
Librairie BIBA - Marnach, Media Store Massen - Wemperhardt

Osten
Samkats - Echternach

2023?

?