Audio & Video Productions

Ärer Fantasie si keng Grenze gesat!

Wéi 2003 déi éischt Emissioun vum Fernsehkrimi-Quiz „Kommissär Kniwwel“ op RTL gewise gouf, war d`Resonanz immens.
D’ganzt Land huet nom Mäerder gesicht… Aus der Erfahrung raus hu mir duerno ganz vill Opträg kritt fir audio-video-Produktiounen, vum einfache Clip bis zum grousse Live Event.

De „Kommissär Kniwwel“ war eng fantastesch Experienz, well et déi éischt grouss Fernsehproduktioun fir eis Firma war. Mir haten iwwer 30 Dréideeg – heiansdo ënnert onméigleche Konditiounen, wéi z.B. am Bulli no der Iwwerschwemmung zu Schwéidsbeng – awer eng mega gutt a professionell Equipe. Et war immens flott fir mat geniale Schauspiller zesummen ze schaffen.

Mir hunn aus dëser Experienz geléiert an an de folgende Joeren vill flott Projeten souwuehl fir d’Tëlee wéi och fir de Radio gemach.
Mir si prett fir Iech bei Ären audio-visuelle Projeten ze ënnerstëtzen.

Fir e Rendez-vous oder eng Ufroo klickt op „Contact“ oder schreift eis einfach eng Email op info (at) magic.lu.

Radio and TV Spots

Live Events

Clips for streaming

Movie Productions

Creation is beyond imagination

Audio & Video Productions

Kommissär Kniwwel

Demy TV