Advertising

Ärer Fantasie si keng Grenze gesat!

Op klenge Betrieb oder grousse Konzern, jiddfereen brauch Werbung!
Dobäi ass et wichteg, en zouverlässege Partner ze hunn, deen Erfahrung an déi richteg Kontakter huet. Mir huelen eis Zäit fir Äer Projeten, berooden Iech gäeren a stellen zesumme mat Iech e Budget zesummen.

Zënter 1995 huet magicmultimedia Pub-Kampagnen fir Clienten aus allen Deeler vum Land réaliséiert. Dat geet vun dem Entworf vun engem Logo iwwer d’Kreatioun vun Annoncen, Radio- oder Fernsehspotten, Affichen a Flyeren bis hin zur Organisatioun vu Pressekonferenzen an Eventer.

Eis Firma ass zwar kleng awer huet den néidegen Know-How. A wat ganz wichteg ass: mir huelen eis Zäit fir Iech a présentéieren en transparente Budget no äere Virstellungen an Iddien.
De Client steet fir eis am Mëttelpunkt!

Fir e Rendez-vous oder eng Ufroo klickt op „Contact“ oder schreift eis einfach eng Email op
info (at) magic.lu

Print Medias

Flyers, Posters, Brochures

Audio - Visual Medias

Imagination is beyond creation

Advertising