Gaming

Go Kids!

Im Jahr 2019 wurde das erste Geo-Quiz-Brettspiel über Luxemburg und in Luxemburger Sprache veröffentlicht. Der Erfolg war überwältigend: über 15.000 Spiele wurden bisher verkauft und ähnliche Projekte stehen ins Haus. Gerne bieten wir Ihnen auch die Gestaltung Ihres persönlichen Brettspiels im Corporate Design an.

Als wir 2018 mit dem Konzept des ersten Brettspiels („Wou läit Piisseng?“) begonnen haben, wussten wir noch nicht, dass dies der Beginn einer regelrechten „Success Story“ war. Mittlerweile sind 3 Spiele erschienen, und die 4. – und wahrscheinlich letzte – Edition aus dieser Serie wird im Herbst 2020 erscheinen. Weshalb nicht Ihr privates oder firmeneigenes Gesellschaftsspiel entwerfen? Z.B. für eine Image-Werbung, eine private Party,einen Geburtstag oder eine andere Gelegenheit. Gerne auch in kleiner Auflage. Fragen Sie ein unverbindliches Preisangebot bei uns an. 

Falls Sie ein persönliches Gespräch mit uns wünschen, klicken Sie auf „Contact“ oder schreiben uns einfach eine E-mail : info (at) magic.lu.

« Jo, ech weess ! »

Och fir grouss Kids!

Dëst Spill am neie Look eegent sech fir eng Alterskategorie tëschent 10 an 18 Joer, mee kann och gäre vu grousse Kids gespillt ginn, fir déi dSpiller virdrun ze schwéier waren.

De Spillplang gouf nei konzipéiert an et gouf och eng nei Kategorie Duell agefouert, wou  ee ka säi Matspiller erausfuerderen.

Och wann déi schéin Uertschaften, touristesch Siten an Eventer an Evidence gesat ginn an ee ganz vill iwwert eist Land gewuer gëtt, däerf een ni vergiessen, dass et nëmmen e Spill ass an de Spillenthusiasmus wichteg ass!

Rucksak

D'Junior Editioun ass net traditionell an enger Këscht
verpaakt, mee an engem Rucksak!
De Spillplang ass op engem Klemmbriet
(wat  een och soss gutt ka gebrauchen), an als Bonus gëtt et och e coole Gedrénksbidon derbäi mam Logo Jo, ech weess.
De Rucksak mam flotten Opdrock vu Kenns du Lëtzebuerg? kann een natierlech fir all privat Zwecker benotzen.
A fir ze spillen, ze roden, ze wëssen a sech z´ameséiere gëtt et 180 Spillkaarten.
Dëst Spill heescht JUNIOR EDITIOUN a kascht € 29.90.-  

E mega grousse Merci fir Är Commande vun eisem JUNIOR-RUCKSAK-SPILL !!!
Mir hoffen, dass mir Iech e bësse Freed konnten heem bréngen...
Leider ass eise Stock bal opgebraucht a mir liwwere keng Spiller méi aus.
Mir hunn nach immens vill Nofroe an eng knapp Reserve vun 50 Rucksak-Spiller, déi mir Iech fir den "Take Away" kënnen offréieren.

Wéi funktionéirt dat?

1) Dir schéckt eng Email mat Ärem Numm an Adress (brauche mir fir d'Facturatioun) + Tel. Nummer op info (at) magic.lu.
2) Mir confirméieren Äer Commande a soen Iech per Email Bescheed, winni Dir Ärt Spill bei eis virun der Dier weg huele kënnt. Einfach -ouni Kontakt! W.e.g. keng PN Messagen iwwer fb schécken - just iwwer Email!
3) Op deem Termin steet Ärt Spill bei eis virun der Dier mat Ärem Numm drop (bei guddem Wieder op engem Dësch - bei schlechtem Wieder an enger Fënsterniche) an Är Rechnung fir d'Iwwerweisung kënnt per Email. Mir vertrauen Iech!

Dat geet nëmme soulaang, wéi mir nach Spiller hunn. Wa keng méi do sinn, deele mir Iech dat per Email mat. MERCI!
Adress: 41, RUE D'ERNZEN, L-7615 LAROCHETTE, Tel. 87 87 31

Game available soon at the following locations

2020?

?