„Kenns du Lëtzebuerg?“

Ët geet drëms, fir Uertschaften, Lieu-diten an touristesch Siten op eiser Landkaart ze situéiren an och nach déi eng oder aner Quizfro iwwert eist Land ze beäntweren. D’Nimm vun den Uertschaften sin all op Lëtzebuergesch.

Um Wee op d’Arrivée warden awer nach e puer Falen, mais heiansdo och e gudde Fouss hannebei, fir vir ze kommen… Gewonn huet, ween als éischten op d’Arrivée kennt.

Op den Opléisungskaarten stinn d’Geo-Positiounen, Kantoner, Gemengen  an den offiziellen Numm op franzéisch oder däitsch. An et gëtt eng Foto derbäi.

D‘Spill besteht aus:

- 200 Uertschafts-Kaarten an 100 Quizfroen iwwert eis Land

- E Set mat 8 Spillfiguren, Markéirungswierfel an Direktiounsfeil

- De Spillregelen

- Enger Landkaart am Format DIN A2 (bâche PVC)

Op der Landkaart si just d’Kantons- a Gemengegrenzen (ouni Nimm) agedroen, grad wéi déi 12 Kantonalhaaptstied.

Dëst Spill soll Spaass maachen an dobäi och en edukative Sënn hunn. Et gëtt an eisem Land souvill flott Uertschaften mat Lëtzebuerger Nimm, déi ee vläicht schonns héieren huet, mee woubäi een net genee weess, wéi se offiziell heeschen.  A virun allem, wou se leien!

Mat dësem Spill entdeckt dir bekannten an onbekannten Uertschaften, Lieu-diten an touristesch Siten op eng spilleresch Aart a Weis. D‘Nimm vun den Uertschaften entspriechen dem Memorial B - No. 68 an der neiester Publikatioun vum CPLL (Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise - www.cpll.lu). Et ka sinn, dass am Laf vun den nächste Méint a Joeren weider Gemengefusioune derbäikommen, déi hei nach net agezeechent sinn. Bis zu enger Nei-Editioun vum Spill soll hei Toleranz gëllen.

Recommandéiert ab 10 Joer. Fir 2 bis 8 Spiller (am „Team“ méi Spiller).

Konzept: Guy Heintz
(c) magicmultimedia S.à r.l.
41, rue d‘Ernzen
L-7615 Larochette
info@magic.lu
 

Home   "Wou läit Piisseng?"   Infos   Kontakt 
fbSPILLPLANG